Mittwoch, 29. November 2006
Vientiane
gssssst dingdong
vientiane huet eis leider zimmlech entauescht, et as eng relativ kleng staat mat 200.000 awunner an si lait um mekong ufer waat eigentlech daat eenzecht as waat hei schein ass. de raescht ass typesch fir hir stiet. erennert mech bessi un chiang mai. do mus et firun 10 joer och nach sou ausgesin hun. konkret heescht daat dat et fill tuktuks gin, d guestheiser sin duebel sou deier, d iessen och an d leit sin nemi su laid back wi mer daat bis elo gewinnt woren. et get och keng kolossal bauten ze kuken, wei een sech daat a kommunistesche regimer sou fiirstellt. haut wore mer ant sauna. daat wor ganz interessant, maer sin an eng tempelanlaag gefuer, zimmlech am dschungel. do klemms de dan eraus leefs bessi iwwer trampelpaaden a kenns bei eng holzhuett wou dann su epes wi een dampfbad dran ass. wizech a komescherweis fill mei agreabel wei een sech daat geing fiirstellen. dono si mer nach eng stonn masseiert gin. alles huet geknackst. laotesch massage as net super entspaanend me dono fills de dech wei nei. wor eng flott experience. muer fuere mer firun op pakse, 13 stonnen mam bus, an der neucht, daat as ganz ennen am sueden an do bleiwe mer bis den 3tn fiir hire nationalfeierdaag an enger staat matzekreieen. dono gfeet et op 4000 islands, kukt mol um internet, do as et mega schein. ab 10 soll et kee stroum mei gin an et gin fill haengematten etc. gespaant waat do nach alles op eis duerkennt.
so long...

... link (0 Kommentare)   ... comment