Donnerstag, 7. Dezember 2006
Ko Phangan
Long live the King...
Bangkok op nationalfeierdaach. waat eng selbstmord idee. me interessant ze gesin wei si feieren. freedefeier, maer maan eis also seier op de wee op di grouss plaatz. kommen do un nodeems mer eis duerch menschemassen gedreckt hun, freedefeier natirlech faerdech... dann eng riiiiiiseg plaatz voll mat leit. iwwerall buehnen mat traditioneller thaimusik, thaipop mat hiren pop starlets, thai heavy metal (acdc cover, sou epes schlechtes huet ee selten heieren), muay thai, iessenstaenn iwwerall, beierstaenn iwwerall, ann mindestens 500.000 leit op engem Koup. me wou sinn d toiletten fir di kriddelech europaer? dei gin et schlicht an einfach net. heescht: all mensch pisst wou e wellt, et stenkt wi wann laichen geinge verweesen. daat ganzt dann och nach bei 25 grad, an der nuecht wuelverstaan. Als letzebuergesche kriddelschass haellt een daat ganzt dann max. 3 stonenn aus. dono geet een heem an et kann e nemei. daat wor also dem gummiball seng fete. gescht hu mer eis dunn ee vun hiren sellechen kinos eragezunn, james bond an sou. mol epes neits...
owes an den nightzuch, wanna singha or chang??? chnag please. one for u an one for me. sure.... wizech. de moien hu mer alt rem gemierkt dat et dees gudden zefill wor, firun allem wann ee no 12 stonnen zuch um 6 muss opstoen an mat engem boot 4 stonnen iwwert mier tukere muss. a wei falsch een dach emmer rem d sonn aschaetzt. styl: oh maer si jo scho 5 wochen ennerwee, sonnecrem as iwwerflessech. mon cul. de yani huet eng binette wei een besoffenen englaenner an meng aerm stin a flaamen. egal... maer setzen also de momnent zu ko phangan, enger ehemaleger hippieenklave. och hie rem iwwerall haengematten, blogringt mier, waisse strand, bungalows, weinech touristen, net genuch party people. me daat och just well mer eis di oestlech sait vun der insel rausgesicht hun, daat aennert sech nach. di insel ass naemlech fiir hir legendaer full moon partys bekannt. maer maan eng halfmoon party mat sou wei et ausgesait :)) mol kuken wou een denowend fain kann iesse goen, phat tai wit seafood..
prost... gesondheet

... link (1 Kommentar)   ... comment