Mittwoch, 22. November 2006
Luang Praban
sbaii dii
hei get et fill ze erzielen, ech wees net wou ech soll ufaenken. maer haaten am guesthouse een package gebucht fiir vun chiang mai op luang praban, daat sollt 3 deech daueren (what is good for u is good for us, soot d guesthouse madamm). als eischt vun chiang mai mam minibus opt granz vum laos. de minibus wor extrem kleng ant klima huet natirlech och net funktionneiert. dofit hu mer een izi preis kennegeleiert. owes wor d un guesthouse mat dran am package, daat wor allerdings eng ziommlech uebel absteige. mee daat haate mer eigentlech schons erwaart, den daach dono sollt et mam boot weider goen iwwer de mekong wou mer dan owes op enger teschestatioun iwwernuechte sollten. maer klammen also moiens flott ant boot setzen eis op dei enk holzbaenkelcher a fuere fort. beemol knuppt et a mer fueren just nach am krees, probeller vum boot pulveriseiert. also nix mei mat weider fueren. rettungsboot kennt eis sichen mat deem dun weider sollte fueren. daat haat allerdings guer keng baenken, me als gudden backpacker hells de daat a kaaf. en plus konnt een sou fill leit kenneleiere, belsch, norweger, irlaener :), italioener, preisen etc.. soit, beemol, no 6 stonne fahrt gett et daischt. d boot bleiwt stoen. maer kuken eis all. beemol seet eng laotin: yu gonna sleep on boat. maer: geliffffffft. an sou wor et dunoch. un engem klenge sandstrand um mekong mat sand sou reng wi steps, geankert, emm ee lagerfeier gesies, einheimlescher opgetaucht di opium gefemmt hun, ee kajot beier siche gaange sin fir eis etc.. zimmlech cool. den daach dono dun weider an ouni zweschefall op luang praban. a dach de beier vun owes wor net bezuelt gin an dun sin di einheimesch bis op eisen teschestopp gelaaf oider sou an sin ant boot komm an hun een deken opgefouert. maer hun dun 1000 bath bezuelt an et wor gutt. gescht sin mer also hei ukomm. d scheinheet vun desem land ass den absluten hummer, sou epes huet ee na net gesin. ant leit ereischt. maer woren gdun nach iessen an hun direkt loaoten kennegekleiert mat deene mer laolao gedronkt hun an all aus enger zoppeschossel schrimpsoup fraeschebeen an algechipsen giess hun. ech keint lo na weider schreiwen me hu ke mbock mei... melle mech muer wascheinlech
badabing

... link (0 Kommentare)   ... comment


Samstag, 18. November 2006
Chiang Mai
bakc on the track
ok, also chiang mai as net suoper schein, dofir aawer fill manner smog wei bangkok. rausgoen as top, fill baars, me och mega fill prostitutioun. i love zyou lonmg time an sou, schei meedecher an transvestiten. me daat heiert ee jo oft aus thailand. hun eng footmassage maache geloos, wor den absoluten hummer, dono fillt een sech wei wanns ee fresch opgestaan waer just ouni sech mussen de schloof aus den aan ze reiwen oder nach 3 stonnen dono mid ze sin. geshct wore mer och nach muy thai boxe kukn, fauschtenzalot wei onsereens geing soen. wor absolut authenmtesch a wanns de heiers weifill kameidi 50 thais kenne maan wann hir kanner sech nuesen kapott schloen as daat schon imporessionant. megen si wetten och ganz gaeren. hei gett et och ee rissegen nightmarket, chiang mai wor freier eng handelsstaat an emschlagplatz fir all meiglech wueren. enner aanerem och opium wou een hei awer iwqwerall gewarnt get am stil: we sell no drugs. dont make stress for us by asking or consuming.
maer woren och indesch iessen, dofunner get et engem dann mei schlecht wei vun deenen ganzen thai staenn, dei emmer ausgesin wei waan kakelaken mat gekacht geineg gin, me d iessen as do zumindest emmer impek. flait si mer daat mega faettecht indescht gebuffs och einfach net gewinnt, op allefall wor et eis allenzwee net sou wuel den aach drop. en plus get et bei denen ke beia waat och scho rem ee minuspunkt abrengt :))
d naechst etap as laos thailand border, dann mam scheff op luang praban, daat dauert 2 deeg. si gespaant, hoffen hir nossschuel as net ze overcrowded. si mol gespaant opt kommunistn, mer kreien do och hire nationalfeierdaach mat.
naechsat news also wascheinlech reischt an 3 deech wann mer zu luang praban ukomm sin.
lo gin ech eng noodelsopup iessen.
hasta luego

... link (0 Kommentare)   ... comment


Mittwoch, 15. November 2006
Sukothai - Take 2
Nahc eng kuerz info: vu dat haut naischt um programm steet an et fill ze waarm ass, get deen eleiten iwwerhaapt guer neierens sondern vegeteiert beim pool a stoppt sech mat friteiertem ananas zou. dat as zefill gutt. d massage faellt och ant waaser, hun am guide geliess zu chiang mai wieren se am baeschten. duer fuere mer muer de moien hin, dauert 6 stonenn. ech hoffen d ass keng klima am buss sos hun ech d grippe wa mer ukommen.
ah jo, d henn hu mech zimmlech gaeren, me daat lait wuel eischter dorun dat ech oft eng tuut mat irgendwellechem iessen am grapp hun :)))) vu wegen oofhuelen an thailand
zap zerap

... link (1 Kommentar)   ... comment