Sonntag, 24. Dezember 2006
Zuerich
Flughaefen sin emmer just dei 1st 5 min interessan, donowees een fir soufill stonnennet waat ee soll maan, et as alles schwengsech deier an d klimaanlaag leeft emmer op vollen touren sou daat ee baal eng wanterjakket dobannen braicht. gottseidank hun ech hei just 1 stonn openthalt, dann geet et mat der swiss op letz. mai vol vu bangkok wor de baeschten deen ech je haat. de vol wor net ausgebucht, ech kruut eng plaatz bei der emergency exit, keng aaner setzer virun mer, eng ausklappbar tele mat allmeigleche filmer, super staff, natirlech nemmen thais well thaiairways. best fluggesellschaft, wor ganz iwwerracht. fir op bangkok wor ech mat enger swiss maschinn geflunn, wor laang net sou gepfleegt ant uniformen vum staff woren total langweileg. bei der thaiairways maachen se der dauernd ee "wai" an du ges op thai zougelaabert, kriss thai iessen an thai frendlechkeet at its best. wann een dan nach eng lecker schloofpell parat huet as de vol verglaichbar mat mengembett doheem. flait net graat me baal. zuerich as natilech lo bessi kulturschok, a letz bestemmt nach mei. en plus as cheschtdaach, kann et net gleewen. si soen mer iwwerall: frohes fest an merry christmas. si guer net a stemmung ass ganz komesch. denowend get et fondue.... sou pförtli a bis zum fazit

... link (0 Kommentare)   ... comment


Donnerstag, 21. Dezember 2006
Bangkok again
fillt sech schons baal un wei doheem. et as och gottseidank net mei sou waarm, si hu jo och schliesslech wanter hei. just nach 30 grat.
gescht si mer vun der insel opt festland gefuer, ennerwee endlech mol rem sonn getankt an eis des keier mol net d gesiit gesenkt. haut hu mer dun an der zeitung gelies de buergermeeschter vun der provenz doennen weilt duersetzen daat den bootsverkeier tescht dem festland an den inselen op weideres agestallt gett. weinst de stiirm dei lo kommen. schuet dat mer schons rem um festland sin, soss haett ee jo en ze gudde grond gehaat fir nach puer wochen drunzehaenken hehe. dono mam nighttrain op bangkok, deen sech, wei ze erwaarden wor als zimmlech ennerhaalsam erausgestallt huet. maer haaten deementsprechend een ultralenksen ladyboy als garcon, deen sech all mei gin huet fir bei eis nach mei schwul eriwwerzekommen wei en daat normalerweis souwisou schons mecht. daat ganzt huet 12 stonnen gedauert, hun relativ gut geschloof op hiren 50 op 100 cm schloofplatz, big up to HongTong. lo si mer rem an eisem gewinnten guesthouse, demetten versiche mer eis opzerappen puer kadoen ze kaafen, me ech wees lo schons daat d verkeefer eis no enger halwer stonn mat hiirem wanna dest an wanna daat an make you good price etc, esou opt nerve gin daat mer eis op enger terasss mat beier zoutippenn. LOL. denowend gi mer wascheinlech eraus, mol kuken waat d moral seet, flait eng pingpongshow oder sou. thats entertainment.
sok di krap

... link (0 Kommentare)   ... comment


Sonntag, 17. Dezember 2006
Haad Yao
Lonely Planet changed my life...
Genuch vun Haad Rin. dauernd techno musik di ganz nuecht duerch as mat der zait zimmlech schloofraubend. dofir haut op haad yao, e vun den biggest snorkeling spots op der insel. heescht muer oder iwwermuer gi mer schnorchelen. de moment as d wieder hei just net gutt, et as bedeckt a mega wand wouduerch d mir zimmlech opgewullt ass. si mol gespaant op se eis mam boot op plaatze feieern wou et manner well zougeet. (also mam mier). anscheinend kann een hei su waalen beobachten, also waerendeems ee schnorchelt, dat as bestemmt genial. soss get et naischt naits ausser dat ech graat feststellen dat ech no thailennescher friess richen, do hun zu letz bestemmt och nach puer aaner leit eppes dervun hehe....
isuzu rules

... link (0 Kommentare)   ... comment