Donnerstag, 14. Dezember 2006
Haad Rin
yan.huberty, 20:41h
Paaaarty..
Hei geet et ab. maer befannen eis de moment an enger recoverphase, gescht wore mer op dei legendaer halfmoonparty, matzen am dschungel enner palmen. d insel as sengem numm gerecht gin, andauernd leit dei der substances illicites wellen undreinen, techno bis engem d haerz am hals schleit, lightsows mat laser, buckets, also eemercher mat thaiwhiskey, red bull an cocacola, psychedelesch dekoratioun, bodytatoos dei an der blacklight liichen, eng wull vun leit, auslaenner an thais, a last not least thaimeedecher dei dech onbedengt welle kenneleieren an der dain eemerchen ewechdrenken. do wore mer also, de yani an ech, als eischt zimmlech verluer, dun awer emmer mei a l aise nom eischten emmerchen. canadier kennegeleiert, fransous, irlaenner, gedanzt bis mer gedrepst hun an wei emmer an sou engem hexekessel zefill suen ausginn. dono flottestens mam tuktuk heem, sou geint 6 wann ech mech richteg entsannen, nach bis ant miir ee klengen dip in maachen an dun doudfraeckt ant bett, wou ech och genesselech bis 2 leie bliwwen sin. dono iessen a weider opt plaasch leien. lo get et ee klengen barbecue fesch oder sou mol kuken waat sech ubitt. wanna samsung bucket??

... comment